Neie Guide Gault&Millau 2021Auszeechnunge fir d’Lëtzebuerger Gastronomen

Isabelle Henschen
Si schaffen, fir dass mir genéisse kënnen. All déi, déi an der Gastronomie schaffen, vu Käch iwwert Patissier. Sommelier an all d'Leit am Service.
Gault&Millau 2021
De gastronomesche Guide “Gault&Millau 2021" huet e Méindeg den Owend am Parc Hotel Alvisse déi talentéiertst Käch ausgezeechent.

E Méindeg goufen der e puer ënnert hinne geéiert. Dat vum Guide Gault&Millau.

Et wier keng Optioun gewiescht, fir dëst Joer kee Guide erauszebréngen, seet de Laurent Fery, Country Manager vu Gault& Millau Lëtzebuerg. Déi 40 Restaurantskritiker, déi fir dëse Restaurantsguide an der Belsch an zu Lëtzebuerg schaffen, hätten zwar wärend dem Confinement net kéinten iessen a bewäerte goen, dofir hätt een dëst verstäerkt iwwert de Summer gemaach. Sou dass een, trotz der aussergewéinlecher Situatioun dëst Joer, fir all Restaurant eng aktuell Bewäertung vun dësem Joer fënnt.

“A Taste of Luxembourg” heescht de Guide, an dem een 136 verschidde Restauranten, Baren a Lëtzebuerger Chocolatier aus dem Grand-Duché fënnt. Fir d’zweete Kéier gëtt et eng Editioun exklusiv fir d’Lëtzebuerger Adressen an dëst Joer sinn 18 Neier bäikomm.

De Guide Gault& Millau “A Taste of Luxembourg” fannt Dir an de Librairien hei am Land.

Op RTL 5minutes: Iwwersiicht a Videoe vun de Gewënner
Gault&Millau 2021: De René Mathieu (La Distillerie) gëtt Kach vum Joer

Back to Top
CIM LOGO