De Risk fir Frakturen ass ëm 43% méi héich wéi bei anere Mënschen. Et ass awer net kloer, ob d'Knachebréch wéinst enger Ernärung entstane sinn.

Och Mënschen, déi sech vegetaresch a pescetaresch ernären, hunn e méi héije Risk, dass hir Schanke méi séier briechen. Dat geet aus de Resultater vun der neier Laangzäit-Etüd ervir, déi an der Fachzäitschrëft "BMC Medicine" verëffentlecht goufen.

Duerch eng gewësse Konzentratioun op protein- a kalziumräich Iesswuere kéint dee Risk liicht reduzéiert ginn. Trotzdeem géif de Risk signifikativ méi héich bleiwen, wéi bei Mënschen, déi Mëllechproduiten an/oder Fleesch consomméieren. Dat deit drop hin, datt nach eng aner Variabel eng Roll spillt, zum Beispill e Mangel u Vitaminn B12 an D.

Veganer sollen awer elo net onbedéngt op hir planzlech Ernärung verzichten. Et ass och méiglech dës Närstoffer ouni de Konsum vun déieresche Produiten z'erhalen. Zu enger equilibréierter veganer Ernärung gehéieren zum Beispill Bounen, Quinoa, Huewer a Sojabounen als Eewäiss-Quell. Fir méi Kalzium soll een däischtert gréngt Blat-Geméis a Chia-Som als planzlech Quell notzen. Besonnesch an de Wanterméint bitt sech Vitaminn D aus der Apdikt zousätzlech un.

D'Fuerscher vun der University of Oxford a Bristol hu fir hir Etüd d'Date vu 54.898 Männer a Fraen a Groussbritannien analyséiert, déi an engem Zäitraum vu ronn 18 Joer gesammelt goufen. Dobäi goufen d'Knachebréch onofhängeg vun der Ursaach berécksiichtegt, nieft Accidenter. Et konnt deemno net mat Sécherheet festgestallt ginn, ob Knachebréch duerch eng bestëmmten Ernärung geschitt sinn an awer sinn d'Fuerscher der Meenung, dass d'Versuerge vum Kierper mat Proteinnen a Kalzium eng wichteg Schlësselkomponent ass.

Global gekuckt ass de Risk fir eng Hëftfraktur bei de Participante vun der Etüd, déi kee Fleesch iessen, méi héich wéi bei de karnivore Participanten. Der Etüd no wieren tendenziell manner vu béide Närstoffer - Proteinnen a Kalzium - an der veganer Ernärung. Veganer tendéieren och méi zu engem niddrege Body-Mass-Index. E weidere Risk fir Knachebréch.

Net just negativ

Et ginn och vill Hiweiser, dass eng vegan Ernärung gesondheetlech Virdeeler hunn. Fréier Fuerschungen hunn en Zesummenhang tëscht enger Ernärung op reng planzlecher Basis an engem nidderegen Bluttdrock, manner grousse Risk fir Häerz-Kreeslaf-Krankheeten, Diabetis, souwéi Obesitéit festgestallt.

Onofhängeg vun der Etüd soll d'Aart a Weis wéi ee sech ernäert fir jiddereen en individuelle Choix sinn. All Mënsch sollt d'Virdeeler a Risiken kennen a sécher stellen, dass de Kierper alles kritt, wat e brauch fir gesond ze bleiwen.