Den Takeaway ass den Ament d'Devise vun de Restauranten, fir sech iwwer Waasser ze halen.

An der gehuewener Kichen an an der Stärekichen ass den Takeaway awer net esou einfach. D'Uriichte vu Platen huet eng wäitaus méi wichteg Roll, wéi an engem méi einfache Restaurant. Dat 1:1 op e "Plat à emporter" ze iwwerdroen, wier net méiglech, wéi de Louis Linster, jéngste Lëtzebuerger Stärekach erkläert. 2019 huet hien de Restaurant "Léa Linster" vu senger Mamm iwwerholl. Dass hien direkt am Ufank vu senger Karriär esou en erausfuerderend Joer wéi 2020 erliewe géif, dorop war hien net preparéiert. Trotzdeem huet hie sech als ee vun den eenzegen aus der Branche dofir entscheet, en Takeaway unzebidden. Seng Kaart huet hie missen adaptéieren a bitt elo manner komplex Menüen un, déi de Leit am Baukaste-Prinzip heem geliwwert ginn. Angscht, den Uspréch vun der Clientèle net gerecht ze ginn, huet hien net.

Louis Linster: "Mir wësse jo, dass d'Qualitéit vun de Produiten, déi mer benotzen, gutt ass, an dass een einfach net ka fir den Takeaway eppes ze Komplizéiertes maachen, dat geet guer net."
Op d'Stammclientèle, déi dem Louis säi Restaurant huet, kann de Julien Lucas net vertrauen. De franséische Stärekach ass d'lescht Joer mat senger Fra Camille Tardif op Lëtzebuerg komm, fir de Restaurant "La Villa" z'iwwerhuelen. D'Ambitioune ware grouss, ma eng Woch nodeems si ënnerschriwwen haten, koum den éischte Confinement. De Restaurant huet schlussendlech am Juni mat annerhallwem Mount Retard konnten opmaachen. Beim zweete Confinement hu se kuerz probéiert, Takeaway unzebidden, hunn awer séier festgestallt, dass zum engen d'Commanden ausbleiwen a se zum aneren net hiren Uspréch konnte gerecht ginn.

Julien Lucas: "On n'est pas connu, on n'a que 6 mois d'ancienneté au Luxembourg et on n'a pas envie de se faire une mauvaise publicité... Je pourrais très bien descendre un niveau et faire des plats plus simples et abordables avec moins de risques pour les réchauffer à la maison que des plats un peu plus soutenus qui demandent un peu plus de maîtrise en cuisine. Je n'ai pas envie de faire subir ça aux consommateurs et je n'ai pas envie de faire subir ça à notre entreprise."