Keng Changementer bei de Stären, neie grénge Stär fir "La Distillerie"

© AFP (Archivbild)
Trotz Corona-Kris an dem Zouloosse vu Restauranten huet de Guide Michelin e Méindeg seng Publikatioun fir d'Belsch a Lëtzebuerg verëffentlecht.
A puncto etoiléiert Restaurante ginn et am neiste Guide keng Ännerunge fir de Grand-Duché; alles an allem sinn am roude Guide 137 etoiléiert Restaurante klasséiert.
Lëtzebuerg stécht mat enger eenzeger Nouveautéit ervir, nämlech mam neie grénge Stär, deen d'Michelin-Inspektere fir eng besonnesch regional an nohalteg Kichen decernéieren. Dës nei Auszeechnung kritt de René Mathieu fir seng gastronomesch Kichen an der Distillerie zu Buerglënster, déi ewell ee Stär huet.
Am neie Guide ginn et nëmmen 10 Restaurante mat engem grénge Stär - ee wéi gesot ass an der Buerg hei am Land. Soss komme keng nei Michelin-Auszeechnunge fir de Grand-Duché bäi, ausser e Bib Gourmand fir de Bistronome zu Stroossen. Alles an allem ginn et 13 esou Auszeechnunge fir Lëtzebuerger Restauranten.
Kee Bib Gourmand hu méi de Restaurant Brimer um Grondhaff, grad wéi Timandines zu Ëlwen, deen entretemps zou ass.
Eenzegen 2-Stäre-Restaurant ass Ma Langue Sourit vun Éiter, iwwerdeems 8 aner Restauranten 1 Michelin-Stär hunn an och behalen.
Am neie rouden Gastro-Guide sinn alles an allem iwwer 1.000 Hoteller a Restauranten opgelëscht, dovunner 76 nei Adressen.