Mir stellen Iech reegelméisseg am Magazin méi "aussergewéinlech" Beruffer vir.

Wat soll ech nëmme maachen a mengem Liewen? Eng Fro, déi jidderee sech fréier oder spéider schonn eemol gestallt huet. Ma sou séier wéi d'Fro gestallt ass, sou schwéier fält et verschiddenen, eng Äntwert drop ze fannen. Ma dobäi ginn et Beruffer, déi alles anescht wéi alldeeglech sinn a wou ee sech selwer ka verwierklechen. Mir stellen Iech all Dënschdeg am Magazin en aneren aussergewéinleche Beruff vir, wou Leit hei am Land hunn. Mir begleede si een Dag bei hirer Aarbecht, kucken hannert d'Kulissen a froen no, wéi si iwwerhaapt op d'Iddi komm sinn, fir grad dee Beruff ze maachen. A wie weess: Vläicht ass jo och een drënner, deen Iech inspiréiert.

De Pol Zimmermann huet warscheinlech mat dee gréisste Virgäertchen am Land, wann hien op der Aarbecht ass. Et ass säi Job, dësen ze fleegen an ze bewirtschaften. Schonn zanter Joerhonnerte gëtt et de Beruff vum Fierschter an och nach hautdesdaags kann een net drop verzichten. Am Géigendeel: De Beruff gewënnt nees vill méi u Wichtegkeet. Ëmmerhin hunn hei am Land eng ronn 70 Leit dëse Beruff a warscheinlech wieren et der nach méi, wann nach méi Bësch do wier.

Déi aner Episoden am Iwwerbléck