Och hei zu Lëtzebuerg ass d'Ufro fir Meditatiouns- a Yogacoursen an d'Luucht gaangen.

De Grond: Yoga géif de Leit eng Balance zum stressegen Alldag erméiglechen, esou d'Martine Reicherts, Präsidentin vun der FNELY.

Yoga ass bekannt fir seng gesond Auswierkungen op d'mental a physesch Gesondheet vun de Mënschen, heescht et weider. Soumat wier et net verwonnerlech, dass grad an dësen Zäiten ëmmer méi Leit sech géifen no Yogacoursen ëmkucken.

Och d'Sandrine Lavigne, déi zanter 2013 Yogacoursë gëtt, huet puer Changementer heibäi bemierkt. Sou géif si ëmmer probéieren, hir Coursen de sougenannte Schüler hiren Nofroen unzepassen. Ganz beléift wiere fir den Ament Meditatiounscoursen. Sou huet si ufanks vun dësem Mount hiren éischte Meditatiounscours via Zoom ginn. Mat sou engem grousse Feedback hat si awer net gerechent.

„Et hate sech iwwer 20 Leit fir déi éischt Seance gemellt. Do war ech wierklech erstaunt, wéi grouss d'Demande wierklech ass", sot si. „Et waren och Dammen dobäi, déi hire Partner mat ugemellt haten, an aner Leit, déi dat iwwer de Bouche-à-l'oreille matkruten, awer virdrun nach ni bei mir am Yoga zum Beispill waren. Also dat war wierklech eng ganz flott Saach." Fir den Ament bitt si de Cours 1 Mol am Mount un.

Och am Yoga ginn déi meescht Coursen den Ament via Zoom ofgehalen. D'Gefiller vun de Yogasproffe sinn hei gemëscht. Op der enger Säit géif et zwar méi Leit erméiglechen, bei de Coursë matzemaachen – egal, wou si grad sinn an ob si zu enger vulnerabeler Kategorie gehéieren oder net. Op der anerer Säit géifen et sou vill Yogacoursen online ginn – vill dovunner souguer gratis– dass et schwiereg wier, sech ervirzehiewen, esou d'Eileen von Knobelsdorff.

Hir gehéieren an der Tëschenzäit zwee Yogastudioen hei am Land; den „House of Yoga" zu Stroossen an neierdéngs de „My Happy Place" um Lampertsbierg. Den zweeten hätt u sech sollten am Dezember 2019 opgoen, gouf dunn awer an engem éischte Schrëtt op Mäerz verluecht. Wéinst der Pandemie konnt si de Studio du réischt am Juni 2020 wierklech opmaachen. De Loyer huet si awer zanter Mäerz misse bezuelen. Dobäi kënnt dann nach, dass „My Happy Place" net fir Aidë qualifizéiert ass, esou d'Eileen.