De Grand-Duc zielt zu de "fitste" Staatscheffe weltwäit

© RTL Archiv
Och déi Jore virdru war de Grand-Duc Henri ëmmer nees an de Rankinge vun de gesondste Staatscheffe mat dobäi.
Dem Site no huet Lëtzebuerg mam Grand-Duc Henri zënter Joren ee vun deene fitsten a gesondste Staatscheffe weltwäit.
Ënnert anerem well hien zënter Joren a ville Gesondheets- a Fitness-Organisatiounen involvéiert ass, dorënner den internationalen olympesche Comité an hien ass Member vun der Mentor Foundation, déi der Weltgesondheetsorganisatioun ugehéiert.
Hie géif och wéinst enger Rei chronescher Krankheeten och e gesonde Liewensstil hunn a vill trainéiere géif, fir sech fit ze halen.
Ënnert anerem an de Joren 2014, 2015, 2016, 2017, 2018 an 2019 war hien an dëser oder enger änlecher Lëscht schonn dobäi.