E Freideg ass hire Mann am Alter vun 99 Joer gestuerwen, e Samschdeg gëtt hie beäerdegt.

E puer Deeg nom Doud vum Prënz Philip hat d'Kinnigin Elizabeth II. iwwerraschenderweis hiren éischten offizielle Rendez-vous. Wéi brittesch Medie mellen, wier si am Schlass Windsor bei enger Zeremonie dobäi gewiescht. Wärend der privater Veranstaltung huet si dem Adelege William Peel, 3. Earl Peel offiziell Äddi gesot, deen no 14 Joer am Déngscht vun der Kinneksfamill an d'Pensioun geet. Zanter 2006 war hie Lord Chamberlain um brittesche Kinnekshaff. Den Andrew Parker huet Ufank Abrëll seng Successioun iwwerholl. Eng vun den Aufgabe vum neien "Lord Chamberlain of the Household" ass et, d'Begriefnis vum Duke of Edinburgh z'organiséieren. Ausserdeem këmmert hie sech ëm d'Kommunikatioun tëscht der Kinnigin an dem House of Lords, wéi och der Kommunikatioun tëscht dem Buckingham Palace an dem Clarence House, der Residenz vum Prënz Charles.

Wéinst der Coronakris wäert d'Trauerfeier just am klenge Krees ofgehale ginn. 29 Gäscht wäerten e Samschdeg mat dobäi sinn. Donieft wäert d'Queen héchstwarscheinlech an der Kierch eleng sëtzen. "The Telegraph" schreift nämlech, dass déi Adeleg op d'mannst 2 Meter Ofstand zu eneen hale mussen. Just Koppelen dierfen direkt nieftenee sëtzen.

73 Joer laang waren d'Elizabeth II. an de Philip bestuet.