141 Joer al Deckelsmouk "Gramma" gestuerwen
© Zeng Hui / XINHUA / Xinhua via AFP
D'Galapagos-Riseschildkröt krut de Spëtznumm "Kinnigin vum Zoo". Hiren Alter gëtt op 141 Joer geschat.
D'Gramma, wéi d'Deckelsmouk geheescht huet, huet an hirem immens laange Liewen insgesamt 20 US-Presidenten an zwee Weltkricher erlieft. Wéini d'Déier genee an den Zoo vu San Diego koum ass net gewosst, geschat gëtt awer 1928 oder 1931. Wéinst hirem héijen Alter hat d'Gramma u Schanke-Probleemer gelidden, dës si sou wäit gaangen, datt si leschten Donneschdeg huet musse vu Fleeger ageschléifert ginn, sou schreift et den Zoo op senger Facebook-Säit.
Vill User erënnere sech ënnert dem Post drun, wéi si d'Gramma eng éischte Kéier als Kanner gesinn hunn, ier si d'Deckelsmouk spéider hiren eegene Kanner gewisen hunn.
Galapagos-Deckelsmouke kënnen an der Wildnis iwwer 100 Joer al ginn, a Gefaangenschaft esouguer bal duebel sou vill. Déi bis ewell eelst bekannt Deckelsmouk war d'Harriet, dat an engem australeschen Zoo bis an d'Alter vu stolzen 175 Joer gelift huet an 2006 gestuerwen ass.