"Et ass net wéi an der Vakanz, déi ganz Bürokratie ass op Japanesch"
Den Eric Elter koum fir säi Studium a Japan a schafft haut do als selbstännege Beroder.
Kyoto ass eng historesch wichteg Stad am Süde vu Japan. Iwwer dausend Joer laang, bis 1868, war Kyoto d’Haaptstad vum Inselstaat. Méi wéi 2000 Tempele fënnt een eleng an dëser japanescher Stad, déi bei Touriste beléift ass. Den Eric Elter ass net just op Besuch, ma lieft hei. A Japan ass hien 2022 ukomm, fir zu Nagoya säi Masterstudium am Business Management ze maachen. Haut schafft hien hei selbststänneg als Beroder, ma och nach ëmmer am Kontakt mam Grand-Duché fir eng Lëtzebuerger Start-up. Japan wier mat senger 124 Milliounen Awunner en interessante Marché.
"Japan allgemeng versicht immens vill auslännesch Start-ups eranzekréien. Zemools Kyoto ass ganz interessant fir Start-ups, well et ginn immens vill Hëllefen. Natierlech sinn d’Sprooch an déi verschidde kulturell Aspekter e bësse problematesch, mee et ass näischt wat en Dealbreaker wier. Ech géif soe fir Start-ups, déi wëllen an Asien Fouss faassen, ass et immens interessant."
D’Sprooch huet den Eric geléiert, wat him gehollef huet, a Kontakt mat japanesche Geschäftsleit ze kommen. Et wier awer och wichteg, an der japanescher Geschäftswelt en Netzwierk opzebauen
"Ech denken, wat ganz wichteg hei ass, sinn d’Connections. Ee kennen, deen ee kennt, deen ee kennt... Ganz besonnesch hei zu Kyoto, well et ass e vill méi zouenen Ökosystem. Natierlech d’Vertraue spillt iwwerall eng Roll, souwuel an Europa wéi hei, mä ech géing scho soen, dass et hei méi wichteg ass. Den Accès zu Opportunitéite geet iwwert d’Connections, mee am Endeffekt muss een eng gutt Relatioun opbauen, an dat kënnt mat der Zäit.," seet den Eric Elter, deen ënnert anerem japanesche Familljebetriber bei der Innovatioun weiderhëllefe wëll. Wéi zum Beispill enger Wiewerei, an där déi jonk Generatioun op Seideproteiner fuerscht, fir eng nei innovativ Materialproduktioun.
En Anere vu senge Geschäftspartner ass e jonken Entrepreneur, dee Bambusstäbercher upcycele wëll. All Joer géinge 14 Milliarde Bambustäbercher an der Restauranten oder vum Take-Away an de Poubelle landen. Seng Iddi ass et, déi an de Restauranten ze sammelen an dorausser souwuel Dëscher wéi och Gadgeten ze produzéieren.
Leit, déi wéi hie gäre géingen a Japan kommen, fir ze schaffen an ze liewen, géing de Eric Folgendes mat op de Wee ginn:
"Ech mengen do muss een en Ënnerscheed maachen 'ech sinn hei an d’Vakanz komm' oder ech sinn hei liewe komm.' Kënnt een an d’Vakanz, ass alles wonnerbar, mee wann een hei liewe kënnt, ass et keng Vakanz. Déi ganz Bürokratie ass alles op japanesch an do muss een sech halt drop virbereeden. Ech géif wierklech uroden d’Sprooch ze léieren, och wann et net perfekt ass, et muss net perfekt sinn, mee op mannst e bësse kommunizéieren.”