Säin eegene Chef sinn: den Dram vu ville Leit. D’Isabelle Weisen huet sech dee Wonsch erfëllt.

Viru 6 Joer huet si hir fest Aarbechtsplaz opginn a sech selbstänneg gemaach – als Kächin. Zanterhier kacht si bei de Leit doheem, op Fester, fir Entreprisen oder proposéiert och Take-away-Menüen. Firwat si dëse Wee ageschloen huet a wéi et mat hirem Projet "Isa at Home" leeft, huet si eis am Interview verroden. Dass hatt enges Daags säin eegene Chef géif ginn, stoung fir d’Isabelle Weisen scho méi laang fest. Ëmmerhi läit den Entrepreneursgeescht an der Famill, a Freed um Kachen hat hatt och schonn ëmmer. Schonn als klengt Kand huet d’Isabelle gär an der Kiche mat gehollef, erzielt hatt eis. Also war deen nächste logesche Schrëtt, aus der Passioun de Beruff ze maachen. Nom Studium um Institut Paul Bocuse, konnt d’Isabelle a sëllege Restauranten Erfarunge sammelen. Ma "verstoppt am Keller ze sinn", wéi hatt seet, hätt hatt dacks frustréiert.

"De Kontakt mat de Clienten huet mer gefeelt, dofir hunn ech och eng Zäitchen als Serveuse geschafft, fir ze gesinn, wéi et déi aner Säit funktionéiert. Dat Perséinlecht, dee Kader, mat de Leit ze schwätzen an d’Reaktioun ze gesinn, direkt ze gesinn, wa se iessen, wat ech kachen, wat mécht dat mat hinnen. A wann ech da privat bei de Leit doheem sinn, ass dat schéin, well da sinn ech jo en Deel vun deem Owend (...) an dofir ginn ech mir och ëmmer extra Méi, fir dass dat schéi soll sinn an dass dat och iergendwou an Erënnerung bleift."

Dat Konzept vum "bei de Leit doheem kachen" huet d’Isabelle wärend sengen Etüden a Frankräich kennegeléiert. Hatt hätt dat schonn ëmmer flott fonnt an de finanzielle Risk, fir sech mat esou enger Iddi selbstänneg ze maachen, wier méi kleng, wéi wann een e Restaurant wéilt opmaachen. An esou ass de Projet "Isa at Home" entstanen.

"Eigentlech si vill Leit, déi hu schéin Haiser, schéi Kichen. Mee duerch d’Aarbecht si se ëmmer gestresst a profitéieren am Endeffekt seele vun hirem Doheem. An zum Beispill och, si hu gutt Wäiner am Keller leien a si drénken se ni, et ass ni d’Occasioun. An iergendwéi fannen ech dat schéin, dat dann ze kombinéieren, dass si sech einfach mol kënnen och bei sech doheem zerwéiere loossen an dass een aneren alles mécht."

Corona-bedéngt ass dat grad net méiglech, vu dass d’Isabelle säi Service réischt fir e Minimum vun 10 Leit proposéiert. Ma dofir bitt hatt lo verstäerkt een Take-away-Menü un, deen am Géigesaz zum Kachen doheem net personaliséiert, mee fix ass. Eng Offer, déi hatt scho vun Ufank un op d’Bee gestallt huet. Mëttlerweil konnt déi jonk Fra sech och eng trei Stammclientèle opbauen.

Mat de Jore wier den Aarbechtsalldag iwwerdeems méi strukturéiert ginn. An awer behält d’Isabelle als selbstänneg Kächin vill Fräiheeten, op déi hatt net méi verzichte wéilt.

"U sech sinn ech ganz frou, dass ech kee Restaurant hunn den Ament. Natierlech och wéinst der Situatioun elo. Mee och well mer mäi Liewe wierklech gutt gefält, ech mech esou kann organiséiere wéi ech wëll, déi Eventer maachen, déi mir gefalen an ech konnt vill nei Leit kenneléieren. An déi Routine, déi bei engem Restaurant ass, halt net esou opdaucht. Dofir denken ech, dass ech weider sou maache wéi ech elo schaffen. Ech si lo a mengem sechste Joer, ech hoffen, dass et nach bësse sou weidergeet."