Mat Hëllef vu Magnéiter am Gebëss wëllen neiséilännesch Wëssenschaftler e Wee fonnt hunn, dass Leit mat Gewiichtsproblemer ofhuelen.

Wien dës Spär unhuet, muss sech nämlech op eng flësseg Ernärung beschränken, huet de Paul Brunten erkläert, ee vun de Fuerscher hannert dem Projet. De Kifer léisst sech duerch d'Magnéiter un de Bakzänn nëmmen 2 Millimeter opmaachen.

Kritiker hunn d'Konstruktioun, déi am Internet virgestallt gouf, awer éischter als "mëttelalterleche Folterapparat" beschriwwen.

D'Fuerscher dogéint schwätze vun enger Weltpremière a versécheren, dass d'Ootmen a Schwätze mam "DentalSlim Diet Control" net beanträchtegt gëtt. D'Magnéiter wieren eng "attraktiv Alternativ zu engem chirurgeschen Agrëff". An Noutfäll oder bei enger Panikattack géif et och eng einfach Méiglechkeet ginn, den Apparat ganz séier opzemaachen.

Am "British Dental Journal" hunn d'Wëssenschaftler uginn, dass 7 Fraen iwwer en Zäitraum vun 2 Wochen dës Magnéiter kruten. Am Duerchschnëtt hätte si bis zu 6,36 Kilogramm verluer, ouni dass eng Fra huet missen den "Nout-Mechanismus" zéien. D'Kiferspär wier och als "auszehalen" empfonnt ginn.

Op Online-Netzwierker ginn awer och déi ethesch Grondlagen a Fro gestallt. De Fuerscher gëtt virgeworf "Fat Shaming" ze bedreiwen. Een anere Kritiker huet d'Tester mam Apparat als "ofstoussend an entmënschlechend" bezeechent.