10.000 Schrëtt huet laang als déi ideal Zuel gezielt, déi een all Dag trëppele soll. Bis elo! Et sinn der nämlech manner.

Vill Schrëttzieler gratuléieren engem soubal een déi magesch Zuel 10.000 erreecht huet. Wien dës Unzuel all Dag trëppelt, soll senger Gesondheet a sengem Gewiicht eppes Guddes doen. Ma dat alles soll Quatsch sinn. Dës Donnéeë baséiere sech nämlech op keng wëssenschaftlech Etüd. Se baséiere sech op ee Marketing-Gag vun 1964.

Et ass scho richteg, dass vill Beweegung eis gutt deet, ma déi optimal Unzuel vu Schrëtt, déi een all Dag trëppele sollen, läit tëscht 7.000 an 8.000.

De Mythos, dass 10.000 Schrëtt de perfekte Pensum sinn, staamt dem Anthropolog vun der Havard University Daniel Liebermann no vun der japanescher Firma Yamasa Tokei. Si hunn deen éischte kommerzielle Schrëttzieler produzéiert. Säin Numm: Manpo-kei, iwwersat "Zieler vun 10.000 Schrëtt". D'Firma huet sech fir deen Numm decidéiert, well e gutt geklongen huet a sech de Produit doduerch och besser verkaaft huet. Den 10.000-Schrëtt-Mythos war gebuer, ouni wëssenschaftlech Prouf fir de gesondheetlechen Notzen.

All Dag 10.000 Schrëtt goen, ass natierlech gesond an d'Zuel léisst sech ganz séier verhalen. Ma et mussen awer net grad esou vill Schrëtt sinn. 7.000 bis 8.000 gi schonn duer.

Eng Etüd vun 2019, bei deenen d'Schrëttunzuel bei méi eelere Fraen ënnert d'Lupp geholl gouf, seet zum Beispill, dass all déi, déi 4.400 Schrëtt all Dag maachen, méi en nidderege Stierflechkeetstaux bannent 4 Joer opweisen. Op alle Fall méi en nidderegen, wéi all déi, déi just 2.700 Schrëtt maachen. Bei bis zu 7.500 Schrëtt konnten d'Wëssenschaftler keng zousätzlech gesondheetlech Virdeeler méi erkennen.

En änlecht Resultat gouf et bei enger Etüd vun 2020. Do goufen d'Mënsche kontrolléiert, déi all Dag tëscht 8.000 an 12.000 Schrëtt zeréckleeën. Och do louch de Stierflechkeetstaux däitlech méi niddereg, wéi bei deenen, déi just 4.000 Schrëtt ginn.

Béid Etüde beleeën, dass Beweegung gutt fir eis Gesondheet ass, et mécht awer keen Ënnerscheed, ob een 7.000 Schrëtt mécht oder 10.000.