Tulpe fir de gudden Zweck, där konnt een e Sonndeg op enger aussergewéinlecher Plaz kafen: an der Residenz vum hollänneschen Ambassadeur um Weimeschhaff.

Deen hat a säi Gaart invitéiert. Trotz Ree war nawell eng lass. Kuerz no 12 Auer war d'Zelt hannert dem Haus op der Terrass vum Ambassadeur Cees Bansema scho gutt gefëllt. Konditioun fir eran: de CovidCheck. Ëmmerhi sollten d’Visiteuren hei entspaant akafen, iessen an drénke kënnen. Hollännesch Spezialitéite versteet sech.

Zanter 6 Joer gëtt d’Tulpeknolle-Vente zugonschte vum Bazar International elo schonn hei an der Residenz organiséiert. Méi wéi 30 verschidden Zorten Zwiwwelen aus Holland ginn ugebueden. 7.500 Knolle goufen déi lescht Editioun 2019 verkaf. Den Organisatiounscomité hofft natierlech och déi Kéier op eng gutt Vente. Mam Evenement wëll een nach méi Leit ausserhalb vun der hollännescher Communautéit erreechen.

Schonn eleng e klengen Tour duerch den 130 Ar grousse Park hannert der Residenz ass d’Visitt wäert. Och wann de Reen e bësse Spillverdierwer ass, den Haushär kann him eppes Positives ofgewannen. Heimat gëtt nämlech de risege Reewaasser-Reservoir am Keller vun der Residence gefëllt.

Op Nohaltegkeet leeën d’Hollänner an der Meeréiserchersstrooss nawell Wäert. Fotovoltaik-Anlagen um Dag, Borne fir d’Elektro-Autoen - dat ass hei scho laang Programm.