Luxembourg Fashion WeekDefilé zu Diddeleng zitt eng 350 Moudebegeeschterter un

RTL Lëtzebuerg
Den Defilé all Mënsch dobaussen zougänglech maachen - dat ass d'Zil vun der Luxembourg Fashion Week.
3. Editioun vun der Luxembourg Fashion Week
Den Defilé zu Diddeleng huet eng 350 Moudebegeeschterter ugezunn.

Iwwer de leschte Mount goufen a Stied op der ganzer Welt Fashion Weeks ofgehalen. An och hei zu Lëtzebuerg gëtt et zanter dräi Joer e feste Rendez-vous fir lokal Moud-Enthusiasten.

Lancéiert gouf dat Ganzt vum Fabiola Puga an Daniel Kasindi, déi sech un de Fashion Weeks aus dem Ausland inspiréiert hunn. Am Géigesaz zu den traditionelle Fashion Weeks kann ee sech nämlech fir d’Luxembourg Fashion Week en Ticket kafen. Zil wier et, den Defilé all Mënsch zougänglech ze maachen, deen dorunner interesséiert ass.

E Samschdeg den Owend war dann den Optakt vun der drëtter Editioun zu Diddeleng. Beim Defilé hunn 8 Designer matgemaach, dorënner d’Poschendesigner „La Gräfin” an „Iconic Jungle”, d’Parfum-Creatrice „July of St Barth”, d’éisträichesch Designerin Dali Oleschko, d’Tessy Antony de Nassau a Milli Maier vum Moudelabel „Human Highness”, Lara D’Ormane an d’Egle Ozyte.

Vun e Méindeg u kann ee sech dann eng Woch laang d’Kreatiounen nach eng Kéier vu méi no ukucken – dat dann an hirem Concept Store.

Back to Top
CIM LOGO