A wéi gesitt Dir dat esou mam trei sinn? An Däitschland schéngt Friemgoen a Bezéiungen dach méi dacks de Fall ze sinn, wéi déi Däitsch sech dat virstellen.

Enger aktueller Ëmfro vum Meenungsfuerschungsinstitut "Norstat" am Optrag vum Playboy-Magasinn no si ronn ee Véierel vun de Männer a Fraen an hire Partnerschaften op d'mannst schonn eng Kéier friemgaangen. Dat obwuel d'Trei fir d'Majoritéit vun 73,9 Prozent dee mat Ofstand wichtegste Facteur beim Partner ass.

Dëse Widdersproch weist sech der Ëmfro no méi staark bei Frae wéi bei Männer. Esou leeën 78,4 Prozent vun de Frae méi grousse Wäert op d'Trei wéi déi 68,5 Prozent Männer. An trotzdeem gi 26 Prozent vun de weibleche Befroten an 23,9 Prozent vun deene männleche Befroten ee Säitesprong zou.

Ma bei der Fro wisou ee friemgeet, ginn d'Motiver vun de Geschlechter wäit auserneen. 34,5 Prozent vun den ontreie Männer bekenne sech zu enger notorescher Säitesprong-Bereetschaft, déi si ouni Grond ausliewen, wa sech d'Geleeënheet bitt. Frae gi ganz dacks friem, well si an hire Bezéiungen net glécklech sinn, ze mann Opmierksamkeet kréien oder well se d'Gefill hunn, datt hire Partner se vernoléissegt.

Donieft ass e Säitesprong fir Männer dacks manner emotional wichteg, woubäi de Fraen d'Virstellung vun enger éierlecher Beicht nom Friemgoe wichteg ass. An der Praxis hält awer de Gros hire Säitesprong fir sech.