De John Derneden sammelt alles iwwer Fligeren, déi am zweete Weltkrich bei eis noutgelant oder erofgefall sinn. 20 Joer fuerscht de professionellen Zaldot elo schonn, ass bei Ausgruewungen derbäi a versicht sech en Iwwerbléck iwwer d'Geschicht vun den eenzelen Plazen ze maachen wou eppes fonnt gouf. Vun den Asätz vun den Alliéierte bis bei déi dramatesch Suitte fir d'Zivilpopulatioun. Am Buch "Crash III" fënnt ee wéi an den 2 viregte Bänn och Fotoen an déi tragesch Geschichte vu vermësste Fligeren an de verschollene Piloten, déi sech am kollektive Gediechtnes agebrannt hunn.

Zanter 30 Joer dirigéiert de Martin Elmquist den Orchester "Luxembourg Philharmonia". Dëse Sonndeg um 17 Auer ass am groussen Auditoire vun der Philharmonie e Concert fir dee Mann ze éieren, dee seng Museker net just hei am Land begleet huet, an hinnen den Tempo virginn a virgelieft huet. Den Martin Elmquist ass 1954 zu Kopenhagen gebuer. Am "Royal Danish Conservatory" huet hien ënnert dem Ole Schmidt an Anere Musek geléiert. De geléierte Violonist huet 1982 fir d'éischt den Arhus Symphony Orchestra dirigéiert an elo hält hie schonn dräimol 10 Joer de Staf beim "Luxembourg Philharmonia".

No engem Trounwiessel wëll d'Traditioun et, dass den neie Grand-Duc sech am Land weist, bei enger sougenannter "Joyeuse Entrée". A sou wéi de Grand-Duc Jean an no him de Grand-Duc Henri ass den Tour elo um Grand-Duc Guillaume fir Land a Leit besser kennen ze léieren. Déi éischt vu fënnef där Manifestatiounen ass am Minett, zu Esch wou de Belval an d'Stad um Programm stinn. A fir déi zwee Deeler ze verbannen gëtt et en Tour mam Vëlo. 6 Méint nom Trounwiessel weisen de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse sech dem Vollek a feieren zesummen en neit Kapitel an der Monarchie mat vill Vive a rout, wäiss, blo.