Amplaz eng Nuecht am Hotel ze verbréngen, wäert den 49 Joer ale Mann elo fir 150 Deeg en Zëmmer am Prisong kréien.

En Iertum mat Konsequenzen: Sou kann een e Virfall aus Unterfranken beschreiwen. E Mann war op der Sich no engem Hotelszëmmer, ma ass awer ni do ukomm. Hien huet nämlech bei der Würzburger Police no engem Zëmmer gefrot gehat. Obwuel d'Beamten him erkläert haten, dass si hien net ophuele kéinten, wollt hien net goen. Kuerz dorop hu si seng Identitéit gepréift a festgestallt, dass et géint hien 2 Mandats d'arrêt géinge ginn.

Hien hat also de Choix: 3.000 Euro bezuelen oder fir 150 Deeg an d'JVA Würzburg. Well him d'Geldstrof net zougesot hat, hat hie sech fir déi 2. Optioun entscheet. D'Nuecht selwer duerft hien nach an enger Zell bei der Police verbréngen, duerno goung et an de Prisong. De Problem ronderëm d'Sich no engem Zëmmer gouf domat geléist.