Déi brittesch Kinnigin ësst gäre Gebäck. Fir dass si och weiderhin hiren Téi nomëttes verséisst kritt, sich de Buckingham Palace neit Personal.

Talentéiert Zockerbäcker kënne sech den Ament fir eng Plaz am Buckingham Palace mellen. Déijéineg solle sech awer net nëmmen an der Welt vun der Pâtisserie auskennen, ma och mat der Fënnef-Stäre-Kiche vertraut sinn a gäre reesen. Am wichtegsten ass et allerdéngs, Gebäck hierzestellen, dat schmaacht, heescht et an der Annonce.

Wien näischt mat Kachen a Baken um Hutt huet, dee ka sech och fir aner Plaze mellen, wann e fir d'Royals schaffe wëll. Et gëtt den Ament no engem Chauffer fir Liwwerween gesicht. Ausserdeem si Gäertner-Plaze fräi an och am beim Service Desk an am Beräich vun de Visitte gëtt neit Personal agestallt. Wie sech vun dësen Jobs versprécht, stänneg a Kontakt der Kinnigin ze sinn, dee gëtt allerdéngs enttäuscht. Héchstens de Pâtissier wäert mol direkte Kontakt mat hir hunn.