Britney Spears steet net méi ënner Tutelle

Fir déi amerikanesch Popsängerin gouf et e Freideg all Grond ze feieren. E Geriicht zu Los Angeles huet d'Tutelle géint Si komplett opgehuewen.
No engem jorelaange Rechtssträit ass d'Britney Spears elo mat 39 Joer endlech "fräi".
Am Joer 2008 gouf d'Sängerin wéinst psychesche Problemer an eng Klinik agewisen, wouropshi si ënnert Tutelle vun hirem Papp Jamie Spears gesat gouf. An de leschte Joren huet d'Britney Spears sech awer juristesch dogéint gewiert, mat engem éischten Erfolleg am September, wou den Jamie Spears schonn als Virmond ofgesat gouf. Hie krut ënnert anerem reprochéiert sech um Verméige vu senger Duechter beräichert ze hunn. De Comptabel John Zabel gouf deen Ament designéiert, fir sech ëm d'Finanze vun der Popsängerin ze këmmeren.
Elo ass et dann d'Entscheedung vum Geriicht, dass d'Britney Spears nees komplett fräi iwwert hiert Liewen an hiert Verméigen decidéieren däerf.
Déi Entscheedung gouf vun e sëllege Fans virum Geriicht reegelrecht gefeiert. Och d'Britney Spears selwer huet sech op de soziale Reseauen erliichtert gewisen.