An enger Instagram-Story huet de Pop-Titan d'Nouvelle annoncéiert, op déi vill Fans sécherlech scho laang gewaart hunn.

"Ja meine Freunde, bald gibt's wieder richtig was auf die Ohren", huet de Video ugefaangen, an deem de Bohlen erzielt huet, am August nees opzetrieden.

Um Schlager-Festival "Lieblingslieder" zu Bonn wäert hien am Summer Modern-Talking-Lidder sangen. Nieft dem Dieter Bohlen wäerten och den Giovanni Zarrella, d'Marianne Rosenberg, den DJ Ötzi, de Jürgen Drews an d'Vanessa Mai fir Stëmmung suergen.

Nodeems den Ex-Juror an DSDS getrennte Weeër gaange sinn, war et eng Zäitche roueg ëm den Ex-Juror. Am August hat hien allerdéngs e grousse Comeback annoncéiert: "Die meistgestellte Frage in den letzten Monaten ist natürlich: Wann sehen wir Dich wieder im Fernsehen? Klar seht ihr mich wieder im Fernsehen", waren d'Wierder vum Bohlen. Wéini et spéitstens esouwäit wäert sinn, huet de Museksproduzent a Songwriter elo verroden.