Wat geschitt no mengem Doud mat mengen Organer? Eng Fro, iwwert déi ee sech vläicht net gär Gedanke mécht, ma d’Äntwert kann deemno wéi Liewe retten.

Prozedur vun enger Transplantatioun

Wéi leeft esou eng Transplantatioun iwwerhaapt of? Dat hu sech vill Leit gefrot, déi bei eiser Ëmfro matgemaach hunn. Mir wollte vun iech wëssen, ob Dir dozou bereet wiert är Organer ze spenden. Matgemaach hunn 1.081 Leit: 57% vun de Participanten hu "Jo" gesot, 43% hu fir "Nee" gestëmmt.

Als Pro-Argument koum dacks d’Äntwert, dass ee seng Organer nom Doud jo net méi bräicht. Anerer géinge sech wënschen, selwer eng Spend ze kréien, wa se an deem Fall wieren, a sinn dowéinst och dozou bereet, dee Schrëtt ze goen.

Déi, déi sech géint d’Organspend entscheeden, maachen dat zum Deel aus reliéise Grënn oder well se mat all hiren Organer wëlle begruewe ginn. Ma virun allem hätten déi Betraffen Angscht, net gerett ze ginn, wann den Organspenderpass fonnt gëtt. Nach Anerer wéilte gär decidéieren, wien d’'Organer kritt. Dacks war an den Äntwerten e Mësstrauen erauszeliesen.

Dofir hu mir den Jorge De Sousa vu Luxembourg Transplant kontaktéiert. Hie koordinéiert zu Lëtzebuerg d’Transplantatiounen a kennt d'Prozeduren. Hei si seng Äntwerten op déi heefegst Froen.

Fro 1: Gëtt alles gemaach, fir mäi Liewen ze retten, wann d’Dokteren wëssen, dass ech Organspender sinn?

Den éischte Gedanken, deen d'medezinescht Personal huet, wann e Patient an d’Spidol oder op d’Intensivstatioun kënnt, ass alles ze maachen, fir deem Patient ze hëllefen. Si denken ni un eng potenziell Organspend. Déi Fro stellt sech réischt, nodeems alles gemaach gouf fir dem Patient säi Liewen ze retten an hien et leider net gepackt huet, an den "Hirntod" festgestallt gouf. Dobäi kënnt, dass déi medezinesche Ekipp dem Patient säi Wonsch betreffend enger Organspend net kennt. Et muss een och soen, dass zu Lëtzebuerg dem Gesetz no jiddereen d'office Organspender ass.

Fro 2: Wéi gëtt de sougenannten Hirntod festgestallt?

D’Diagnos vum Hirntod ass am Règlement Grand-Ducal kloer definéiert, a gëtt vun zwee Doktere gestallt, déi näischt mat der Ekipp ze dinn hunn, déi d’Organer eraushellt.

Fro 3: Sinn ech sécher dout? Lieweg Organer kënnen dach just aus engem liewegen Organismus geholl ginn?

D'Diagnos vun den zwee Dokteren garantéiert, dass de Patient wierklech dout ass. D'Tester, déi gemaach ginn, fir den Doud festzestellen, gi bei engem Erwuessenen 2 Mol bannent 6 Stonne gemaach. Bei Kanner ënner 2 Joer gi se 2 Mol bannent 24 Stonnen gemaach. Esou ass et am Règlement Grand-Ducal definéiert.

D'Organer ginn effektiv engem Kierper entholl, wou de Kreeslaf nach funktionéiert. D'Häerz schafft nämlech onofhängeg vum Gehier. De Kreeslaf kann also duerch extern Maschinne kënschtlech oprechterhale ginn.

Fro 4: Firwat gëtt d’Explantatioun ënner Vollnarkos gemaach? Riskéieren ech, trotz Hirntod Péng ze spieren?

D'Eraushuele vun den Organer kann u sech ouni Anästhesie gemaach ginn, vue dass een nom Hirntod näischt méi spiert, och keng Péng. Trotzdeem gëtt d’Anästhesie ugewannt, fir dass d’Muskele sech entspanen, sou dass de Chirurg seng Geste propper duerchféiere kann. Et muss ee wëssen, dass et sech dobäi ëm ganz präzis Handgrëffer handelt, déi minutiéis an ënner Zäitdrock musse gemaach ginn.

Organspenden zu Lëtzebuerg

2021 stoungen zu Lëtzebuerg 114 Patienten op der Waardelëscht, fir ee Spenderorgan ze kréien. 27 Leit konnte sech iwwert eng Transplantatioun freeën. Dräi Persoune sinn awer gestuerwen, well si keen Organ méi kritt hunn. Eng Situatioun, op déi ProTransplant wëll opmierksam maachen.

Jiddereen ass potenziellen Organspender, op d'mannst dem Gesetz no. An der Praxis gesäit dat awer anescht aus. Souguer wann een um Passeport de Vie oder am Dossier de Soin Partagé festgehalen huet, dass ee seng Organer wëll spenden, gëtt dee Choix net automatesch akzeptéiert. D'Famill huet dat lescht Wuert. "Dee Passeport de Vie huet u sech nëmmen e symbolesche Charakter, dat heescht, en huet leider nach ëmmer keng legal Basis", erkläert d’Christiane Bourg vu ProTransplant, "den Dokter muss sech vergewësseren, ob net awer iergendwou e Refus war. An dat leeë si sou aus, dass se d’Famill froe ginn". An dat wëll ProTransplant änneren. D’Associatioun fërdert zanter méi wéi 10 Joer d’Organspend zu Lëtzebuerg, fir dass schwéier krank Leit wéi d'Evelyne Hornemann gehollef kréien.

Zanter 18 Joer lieft d'Evelyne Hornemann nämlech mat enger Spendernier, wéinst enger ierflecher Krankheet, déi hir Nieren attackéiert huet. De 17. Juli 2003 no 17 Méint Waarden wärend deenen d'Evelyne Hornemann dräi Mol d’Woch fir véier Stonnen an d’Dialyse huet misse goen, huet den Telefon matzen an der Nuecht geschellt. Um aneren Enn war den CHL. "Dat ass e Gefill, dat kann een einfach net beschreiwen", erzielt d'Evelyne Hornemann mat Tréinen an den Aen. Siwe Stonnen huet hir OP gedauert. Zanterhier muss si all Dag Medikamenter huelen. "Entweder wëll een dat, an da muss een dat mat a Kaf huelen. Oder da war déi Transplantatioun fir näischt, en Opfer vun engem, dee gestuerwen ass, war dann och fir näischt", esou d'Evelyne Hornemann. Vue dass d’Organspenden anonym gemaach ginn, weess d'Evelyne net, vu wiem hir Nier kënnt.

Alles wat si wéisst, ass dass et wuel e Jugendleche war, dee bei engem Accident gestuerwen ass. "Ech kann nëmmen den Elteren dankbar sinn, dass se an deem Leed, deen se haten, domat d’Accord waren.

D'Evelyne hat deemools nach déi Chance zu Lëtzebuerg transplantéiert ginn ze sinn. Haut mussen d’Patienten dofir an d’Ausland, zum Beispill op Bréissel. "Mir fannen dat immens schued, well mir dovun iwwerzeegt sinn, dass et géing dozou bäidroen, dass d'Leit méi oppe wieren a puncto Organspend, wann se wéissten, dass och rëm hei zu Lëtzebuerg géif transplantéiert ginn", fënnt d’Christiane Bourg vu ProTransplant.

Méi Informatiounen fannt Dir op protransplant.lu an op luxtransplant.lu