De Mister Science huet eis jorelaang mat Experimenter ameséiert. Dozou wäert hie lo mat senge Kolleege vum FNR am neie Format “Ziel mir keng” ze gesi sinn.

Virun der Kamera vun "Ziel mir keng" sti si zu dräi: de Joseph Rodesch, de Jean-Paul Bertemes an d'Michèle Weber. Mol si si all ze gesinn, mol nëmmen zwee vun hinnen.

An all Episod gëtt eng Fro zu engem bestëmmten Thema gestallt. Et kann ee sech freeën op 5G, déi gendergerecht Sprooch oder och d'Insektestierwen. An zackege 5 Minutten erkläert eis d'Ekipp dozou den aktuelle Stand vun der Wëssenschaft.

Ee Mol de Mount wäert eng nei Episod vun "Ziel mir keng" kommen. Déi éischt Episod wäert e Sonndeg de 27. Februar ausgestraalt ginn. Kucke kann een déi op der Tëlee nom Pisa oder op science.lu. Wéi gewinnt ass do dann och den Artikel zu all Thema ze fannen.