Ierfgroussherzoglech Koppel op Besuch an der Schokelafabrick
Nodeems gewosst war, wéi d'Schockelashuesen an d'Knippercher produzéiert ginn, gouf et natierlech och eppes ze schmaachen.
Déi ierfgroussherzoglecher Koppel war e Méindeg de Moien zu Stengefort op Visitt an enger Schockelasfabrick. A Presenz vum Mëttelstandsminister Lex Delles kruten den Ierfgroussherzog Guillaume a seng Fra Stéphanie déi eenzel Prozesser vun der Schockelasproduktioun erkläert. Si hunn dobäi souguer och selwer Hand ugeluecht.
Nodeems gewosst war, wéi d'Schockelashuesen an d'Knippercher produzéiert ginn, gouf et dunn natierlech och eppes ze schmaachen. An och wann de Prënz Charel bestëmmt ganz gär mat an d'Schokelasfabrick gaange wier, krut en hoffentlech eppes Klenges matbruecht, fir doheem ze naschelen.