"Eng grouss Botschaft op engem klenge Format"
Am Kader vum Trounwiessel bréngt d'Post den 3. Oktober eng Spezial-Editioun Timberen eraus, déi besonnesch Sammler a Monarchie-Fans interesséieren dierft.
Et ass ee symbolträchtege Projet, dee sech an déi laang Traditioun vun Timbere ronderëm d’Monarchie areit. Ronn 30 Timbere mam Grand-Duc Henri sinn iwwer d’Joerzéngten erauskomm, 20 dovun huet d’Post am Summer ausgestallt, fir dem Staatschef seng 25 Joer um Troun ze feieren. Geschwë gëtt et dann och déi éischt Timbere mam Guillaume als neie Grand-Duc drop ze kafen.*
Zesumme mat der ASBL Design Friends hat d’Post ee Concours lancéiert. D’Aufgab: ee Konzept entwéckelen, fir ee sougenannten Timberblock, dat heescht ee Blat mat Dekoratiounen an engem eenzegen Timber. An deem Fall vum Nach-Prënz Guillaume. Et wollt ee jonke lëtzebuergesche Kënschtler d’Méiglechkeet ginn, hir Visioun vun der Monarchie zum Ausdrock ze bréngen. An dat hunn och d’Lea Schroeder an d’Jill Els gemaach, an dobäi net nëmmen de Jury, mee och den Haff mat hire Kreatiounen iwwerzeegt.
Fir d’Designerin a Kënschtlerin Lea Schroeder war et eng Première fir een Timber ze entwerfen. Als ee vun de gréissten Challengë stellt sech dat klengt Format vum Timber eraus. "Wann ee vill Detailer wëll an den Timber mat erakréien, wann een et dann op d’Echelle 1 erof ‘scaled’, da kritt een et net méi richteg gelies oder verschidde Linne sinn ze déck oder ze dënn”, erkläert d’Lea. Dofir huet si zu Paräis an enger Imprimerie e puer Stonnen eleng domat verbruecht, d’Linnen unzepassen an ëmmer nees nei Tester ze drécken.
An och d’Jill Els huet vill Wäert op Detailer an op d’Symbolik geluecht. No enger intensiver Recherche iwwer dem Prënz Guillaume säi Liewen, seng Valeuren an iwwer de Grand-Duché, huet si sech laang mam Choix vun de Faarwen auserneegesat. Et wier hir wichteg gewiescht, wat se aussoen a wéi se matenee wierken. Ma och de Pabeier spillt eng Roll: "Beim Hannergrond hunn ech eben déi Naturfaser benotzt, well mir den Natur-Pabeier immens wichteg war fir eng Hommage un d’Schlass an hir Gäert ze maachen."
Mat hiren Timberen droen d’Jill Els an d’Lea Schroeder hiren Deel zum neie Kapitel an der Geschicht vum Land bäi. Et ass e Stéck Erënnerung un dësen historesche Moment, op engem klenge Pabeier, mat grousser Symbolkraaft.
Méi Detailer iwwer d’Kreatioune vun den Artistinnen an d’Bedeitung vun Timberen, fannt Dir uewen am Video-Reportage!
*Den Timberblock huet een Tirage vun 30.000 Exemplairen an den Timber vun der zukünfteger groussherzoglecher Koppel gëtt et 50.400 Mol. Vum 3. Oktober u kritt ee se an alleguer den Espace POSTen, Postbüroen an online op www.postphilately.lu.