Virum Ierfgroussherzog Guillaume goufen et bis ewell 6 Staats-Cheffen aus der Dynastie Lëtzebuerg-Nassau.

Deen éischte war de Grand-Duc Adolphe, deen am Joer 1890 säin Eed ofgeluecht huet. No sengem Doud ronn 15 Joer méi spéit, koum säin eelste Fils Guillaume IV., genannt Wëllem, op den Troun vum Grand-Duché. Seng Herrschaft huet knapp 7 Joer gedauert, well hien am Februar 1912 gestuerwen ass. Duerno goung et fir iwwer 50 Joer laang mat Fraen un der Spëtzt vum Lëtzebuerger Land virun. D’Lynn Cruchten kuckt am Reportage méi wéi 100 Joer zréck an d’Vergaangenheet.

Ugefaange mat der Prinzessin Marie-Adélaïde. Als eelst vu sechs Duechtere vum Groussherzog Wëllem a senger Fra Marie Anne vu Bragança, gouf Si am Juni 1912 mat nëmmen 18 Joer Grande-Duchesse vu Lëtzebuerg. Net nëmmen hiert Agräifen a politesch Sujeten, mee och hir Haltung géintiwwer Däitschland am Éischte Weltkrich ass deemools op vill Kritik gestouss an et koum zu Aktiounen am Land fir d’Monarchie ze stierzen.

Den Drock vu bannen a bausse gouf sou grouss, datt d’Groussherzogin Marie-Adélaïde am Januar 1919 zu Gonschte vun hirer Schwëster Charlotte ofgedankt huet. Grouss Feierlechkeete mam Vollek si bei dësem Trounwiessel ausbliwwen. 8 Méint duerno hu bal 80% vun de Lëtzebuerger, an engem Referendum, fir d'Erhale vun der Dynastie, ënnert der deemools 23 Joer jonker Grande-Duchesse Charlotte gestëmmt. Nach am selwechte Joer huet dës de Prënz Felix vu Bourbon-Parma bestuet an zesumme krute si sechs Kanner.

Hiren eelste Bouf, de Prënz Jean, deen 1953 mat der Prinzessin Joséphine-Charlotte vun der Belsch bestuet gouf, sollt an de 60er-Jore méi konkret op seng zukünfteg Aufgaben als Grand Duc preparéiert ginn. Am Abrëll 1961 gouf hien zum Lieutenant Représentant ernannt. 3 an d’halleft Joer méi spéit, nodeems seng Mamm no 45 Joer als Grande-Duchesse ofgedankt hat, war dunn déi offiziell Vereedegung an der Chamber vum neie Lëtzebuerger Groussherzog Jean.

D’Festivitéiten am Kader vum Trounwiessel 1964, ware wesentlech méi grouss opgezunn, wéi 1919 bei der Groussherzogin Charlotte. Fir den neie Grand-Duc Jean ze feieren, gouf et traditionell e grousse Cortège an der Stad mat Militärmusik an dausende Leit, déi drop gewaart hunn der groussherzoglecher Famill um Balkon vum Palais kënnen ze wénken. An och de Besuch an der Kathedral fir den Te Deum war natierlech Deel vum Programm.

De Règne vum Grand-Duc Jean huet 36 Joer gedauert. Am Mäerz 1998 huet hie säi Jong Henri zum Lieutenant-Représentant ernannt. Am Dezember 1999 huet de Grand-Duc Jean, dunn annoncéiert, dass hien Ugangs Oktober 2000 zu Gonschte vum Ierfgroussherzog Henri ofdanke wäert.

De 7. Oktober 2000 war dunn de groussen Dag, fir d’Famill Grande-ducale an awer och d’ganz Lëtzebuerger Land, dat mat gefeiert huet, wéi de Grand-Duc Jean ofgedankt huet an den Ierfgroussherzog Henri als neie Grand-Duc vereedegt gouf.

25 Joer laang stoung de Grand-Duc Henri zesumme mat senger Fra, der Grande-Duchesse Maria-Teresa, an hire 5 Kanner un der Spëtzt vun eisem Land. Hie war 45 Joer al wéi e säin Eed als Groussherzog ofgeluecht huet. Änlech wéi elo säin eelste Fils Guillaume, dee ronn 1 Mount viru sengem 44 Gebuertsdag als neie Grand-Duc vereedegt gëtt. Dat ronn 1 Joer nodeems en zum Lieutenant Représentant ernannt gouf.