Dan Maas, Patricia Kelly a Charles Grethen
Dës Woch geet et ëm den Tennis, Musek an ëm eng Course.
D'Dan Maas setzt all Hiewelen a Beweegung, dass den "Luxembourg Ladies Tennis Masters" nees zu engem onvergiessleche Moment gëtt. Duerch hir laangjäreg Experienz an der Organisatioun vu groussen Tournoien an hir gutt Kontakter huet si et nees fäerdeg bruecht, grouss Nimm op Lëtzebuerg ze lackele wéi d'Angelique Kerber, Kim Clijsters, Anett Kontaveit, Eugenie Bouchard, Alizé Cornet, Kirsten Flipkens, Barbora Strycova an Anabel Medina Garrigues. Fir de "Welcome Dinner" mëttwochs huet den Giovanni Zarrella zougesot, wou den Grand-Duc Henri de "Jana Novotna Award" iwwerreecht kritt.
D'Sängerin Patricia Kelly kënnt de 7. Oktober op Lëtzebuerg an huet hiert neit Buch "Patricia Kelly's Family-Kochbuch" am Gepäck. Et ass schonn dat zweet Buch nom Bestseller "Der Klang meines Lebens: Erinnerungen an stürmische und sonnige Zeiten". D'Sängerin, déi hir Lidder selwer schreift a schonn 5 Studioalben opgeholl huet, ass och sozial engagéiert an huet hiren eegene Parfume kreéiert. En Dënschdeg 7. Oktober diskutéiert si mat bei "Let's talk" um 17.30 Auer am Amphitheater.
De Charles Grethen leeft e Samschdeg 26. September seng lescht offiziell Course an der Neier Avenue bei "Lëtz Mile - Luxembourg City Roadmile". Mat 33 Joer wëll hien d'Schong an d’Liichtathleetik un den Nol hänken. De Lëtzebuerger Sportler vum Joer vun 2021 ass 27 Joer gelaf, dovunner 15 op héchstem Niveau an erënnert sech nach gär un déi zwee Asätz bei den olympesche Spiller vu Rio an Tokio, wou hien et 2021 fir d'éischt an d'Halleffinal iwwer 1500m bruecht huet, andeems hie mat enger neier Beschtleeschtung vun 3:32,86 d'Final erreecht huet a wou hien déi 12. Plaz beluecht huet.