De Mérite Jeunesse proposéiert deene Jonken en Engagement op 3 Niveauen: Bronze, Sëlwer a Gold.

Ma och nom Ofschloss vum héchsten Niveau verléiert een de Geescht vum Mérite net esou séier.
De Luca Colling huet viru Kuerzem säin 3. Mérite erfollegräich gemaach. Zu sengen Aktivitéiten hunn d'Gittarspillen, den Engagement am Schülercomité an an der CNEL, sou wéi d'Vëlosfuere gezielt. An e puer Méint wäert hien ufänken op der Uni ze studéieren a muss dann aus dem Schülercomité austrieden. Mat sengen aneren Aktivitéite wäert hien awer weidermaachen.

An der Summervakanz huet hie wëlles, d'Iddi vun de Volete Sport, Benevolat an Expeditioun verbannen. Geplangt ass e Vëlostour duerch Schweden bis op den Nordkap, ma et stécht awer méi dohannert. Aus dem Tour soll nämlech eng Spendenaktioun fir de Projet "Conceptos Plasticos" vun der Unicef ginn, wéi de Luca am RTL-Reportage verréit.

Fir Spende fir de Projet "Conceptos Plasticos" ze sammelen, huet de Luca e Konto opgemaach.