No engem Joer Paus wéinst der Pandemie an enger klenger Editioun 2021 kann de Spinning-Marathon fir d'Organspend nees ganz grouss opgezu ginn.

Et ass schonn déi 13. Kéier, dass Luxembourg Transplant e Spinning-Marathon organiséiert, fir d'Leit ze sensibiliséieren, wéi wichteg et ass, dass all Mënsch dee kann, Organspender gëtt.

Dofir promouvéiert Luxembourg Transplant och dee sougenannte "Passeport de vie", deen ee sech op ville Plaze bestelle kann.

Am Oktober 2019 ware fir de Weltdag vum Organspenden iwwert 1.000 Leit an d'Luxexpo komm, fir beim gréisste Spinning-Marathon zu Lëtzebuerg matzemaachen. Leider konnt 2020 d'Evenement wéinst der Pandemie net stattfannen. 2021 war aus deem selwechte Gronn ee méi klenge Spinning mat 24 Vëloen an der Gemeng Mamer organiséiert ginn.

D'Organisateure sinn dofir ëmsou méi frou, dass een de Sonndeg 9. Oktober 2022 mat alle Spinning-Vëloen nees zeréck an d'Luxexpo dierf goen. Jiddereen, dee Loscht huet, fir eng déck Stonn tëscht moies 10 an owes hallwer 7, fir de gudden Zweck mat an d'Pedallen ze drécken, ka sech elo an eng vun de fënnef Gruppen aschreiwen um Site vu Luxembourg Transplant.

RTL