Wann d'Diagnos Kriibs een net just vu bannen, mee och vu bausse verännert.

Wéi geet een domat ëm? A wéi kann ee sech nees wuel spieren an der eegener Haut?

Mat enger faarweger Mutz um Kapp, der passender Jupe an engem frëndleche Laachen am Gesiicht empfänkt d'Andrée Cloos-Conter eis bei sech doheem. Déi laang Kette ronderëm den Hals klimpere beim Goen. Déi 68 Joer al fréier Léierin wunnt eleng – hire Mann ass am November 2021 gestuerwen, u Kriibs. Eng Krankheet, géint déi si den Ament och kämpft, nodeems si am Fréijoer e Knuet an der Broscht entdeckt huet. Ma si léisst sech net ënnerkréien. "Bei enger Kriibserkrankung ass dat Allerwichtegst d'Moral – d'Moral fir sech net vun där Krankheet schloen ze loossen, fir Hoffnung ze hunn a fir géint déi Krankheet ze kämpfen", erzielt si energesch. An dozou géing och d'Ausgesinn bäidroen. Si hätt sech schonn ëmmer gär schéi gemaach, ma elo wier et hir besonnesch wichteg. Duerch d'Chemotherapie huet d'Andrée nämlech d'Hoer verluer, d'Gesiicht huet sech verännert. Hir Wimpere komme sou lues zréck, d'Aperhoer moolt si no. An am Plaz vun Jeansboxen an T-Shirte gehéiere lo Juppen zu hirer Liblingskleedung – fir méi feminin ze wierken.

"Mir ass dat scho wichteg, dass ech gutt ausgesinn. Och fir mech selwer a menger Haut wuel ze fillen, fir eng gewësse Selbstsécherheet ze hunn. An dofir ass et wichteg, dass een net als geschloene Kranken duerch d'Géigend geet."

Op hir Perréck verzicht d'Andrée schonn eng Zäitchen. "Ech sinn net méi déi Fra mat den halleflaange blonden Hoer", erkläert si a weist eis hiren Tirang voll mat Mutzen, an alle Faarwen a Muster. D'Krankheet hätt si verännert, souwuel vu banne wéi och vu baussen.

An där Zäit vum Traitement wier et wichteg, sech selwer net ze verléieren, esou d'Marie Dewulf. Si schafft als Onco-Estheticienne am CHL, ass also spezialiséiert op Kriibspatienten.

"Il y a beaucoup de changements physiques. La chute des cheveux, la perte des sourcils, la perte des cils. Donc il y a beaucoup de pertes pendant cette période-là. On a plein de techniques pour aider la dame à se retrouver elle."

D'Marie weist hire Patientinnen, wéi si sech schminken an hir Aperhoer nozéie kënnen, an hëlleft hinne mat Hautproblemer an Entzündungen un Hänn a Féiss, déi zu den heefege Niewewierkungen zielen. Hire Service ass en Deel vum pluridisziplinären Encadrement op der Onkologie Statioun. D'Marie Dewulf betount, wéi wichteg d'Ausgesi fir d'Wuelbefannen ass.

"Le fait, ne fût-ce que de reprendre soin de soi tous les jours, de prendre une douche, de se maquiller tous les jours, c’est déjà une grande aide pour le moral, et ça aide effectivement dans la guérison."