Een Dag nodeems d’Maison Grand-Ducale offiziell matgedeelt huet, dass et nees Nowuess um groussherzoglechen Haff gëtt, huet d’Koppel eis en exklusiven Interview ginn.
Et mierkt een hinnen un, dass si sech immens freeën, dass “sech d’Famill vergréissert”. Gewosst hätt een et scho virun e puer Wochen, huet d’Ierfgroussherzogin Stéphanie am Gespréich verroden. De klenge Prënz Charel géif sech elo scho ganz vill op dat neit Gesëschterche freeën.