Energie ass ee raren an domat ëmmer méi deieren Artikel. Wann d’Präisser klammen, ass ee gutt beroden ze spueren. Ma wou kann ee spueren a virun allem wéi? Heizung erofdréien, Frigo entäisen, een neien Trockner kafen oder déi véier eege Maueren isoléieren - wat nëtzt am meeschten? Mir weisen Iech an dem Rescht vum Land mat prakteschen Tipps, wéi een doheem Energie spuere kann.

Dofir siche mir Leit, déi bereet sinn ze spueren, a vun engem Expert nëtzlech Tipps dofir kréie wëllen. Wann Dir interesséiert sidd, da mellt Iech iwwert de Formulaire hei ënnen un. RTL kënnt da mat der Kamera an dem Expert bei Iech heem, fir ze kucken, wou dir am meeschten Energie an domat och Sue spuere kënnt a weisen dat dann an engem Reportage op der Tëlee.

Formulaire fir sech unzemellen

Formulaire