D’Algarve - fir déi eng Plaz, fir Vakanz ze maachen, fir déi aner hir al oder nei Heemescht.

Dir wunnt zu Faro oder an der Algarve oder waart schonn dacks do an der Vakanz? Da siche mir genee Iech!

Déi nächst Woch ass déi beléiften Touristendestinatioun a Portugal Thema um Radio.

Mir wëlle wësse wat Iech esou un der Algarve faszinéiert a wat Är Geheimtippe si fir eng onvergiesslech Vakanz ze erliewen.