Fir dem Manktem u Mataarbechter am Gastronomie-Secteur entgéintzewierken, gouf op der Expogast déi nei Campagne lancéiert, fir nei Ambassadeuren ze fannen.

An Europa feelen am Gastronomie-Secteur 1,5 Millioune Leit. Zu Lëtzebuerg sinn et eng 2.000 Mataarbechter, déi am Secteur feelen. D'Horesca ass dowéinst op der Sich no neien Dreamjob-Ambassadeuren, also Leit, déi haut schonn an der Gastronomie schaffen an déi verschidde Beruffer promouvéiere sollen.

De Ben Weber ass Kach an zanter 2020 Dreamjobs-Ambassadeur. No senger Ausbildung an der Dikrecher Hotelsschoul huet hien ënnert anerem an der Kiche vun engem Stärerestaurant geschafft an zanter 12 Joer ass hie selbstänneg.

"Et kann ee sech all Dag nei erfannen. Et huet eng Kreativitéit, déi ee kann un den Dag leeën, déi seelen an aner Beruffer iwwerhaapt existéieren. Dir hutt mat Leit ze dinn, dir kritt en direkte Feedback, dat heescht dir schafft gutt. Wann een dat mat anere Beruffer vergläicht, ass et schwiereg déi selwecht direkt Satisfaktioun ze hunn."
An awer feelt et am Secteur u Leit an un Nowuess. Op der Expogast gouf elo d'Campagne lancéiert, fir nei Ambassadeuren ze fannen. Et misst een nei Weeër goen, seet de Generalsekretär vun der Horesca.

"Wa mir Kooperatiounen mat auslännesche Schoulen hunn oder mat Länner, déi net an Europa sinn, an do Leit sinn, déi no eise Standarden ausgebilt ginn, soll een deenen eng Chance ginn, fir zu Lëtzebuerg ze schaffen", esou de François Koepp.

Mat wéi enger Passioun verschidden Leit an deem Beruff schaffen, kritt een den Ament an der Foireshal gewisen. Eng 100 international Ekippen trieden hei am Culinary World Cup géinteneen un. Gekacht gëtt fir eng 110 Leit, ënnert deenen och en Jury dobäi ass, fir de Beschte Kach auszewielen.

Ma d'Foire riicht sech awer net just u Professioneller, mä och un de Public. An de Restaurante kann een iesse goen an niewendru fënnt een d'Wënzer, bei deenen ee sech duerch lokal Wäiner ka schmaachen. All Dag gëtt gekacht an all Dag stellen d'Käch hir kulinaresch Konschtwierker aus. D'Expogast leeft nach bis den nächste Mëttwoch.