Wann an der Luxexpo den Ament bei der Weltmeeschterschaft vun de Käch ëm den Titel gekacht gëtt, da gehéiert do och vill Präparatioun dozou.

Dofir notze fënnef Natiounen ënnert anerem d'Gebailechkeete vun der Hotelsschoul zu Dikrech. Hei kënnen se nach e bëssen trainéieren a präparéiere sur Place och nach dat ganzt Material, dat ee fir déi eenzel Kompetitioune brauch. Sechs Käch kache beispillsweis fir déi dänesch Nationalekipp, zousätzlech hëllefen 13 Leit, fir datt och alles hannert de Kulisse klappt a mat Zäite fäerdeg gëtt. D'Däne si mat fënnef Camionen, voll mat Iesswueren a Material op Lëtzebuerg komm a kafen hei bei eis just eenzel Produiten, déi musse ganz frësch sinn.

Nieft Mexiko, Schottland a Portugal ass och nach Saudi-Arabien an der Hotelsschoul am Gaang sech op hier Competitioun ze präparéieren. Si maache sougenannten "Schaustécker" aus Schockela. Dofir brauch ee vill Zäit, Gedold an och genuch Plaz.