Mat all Euro, deen d'Frënn vum Kleeschen asbl erakritt, gi Projete fir Kanner a Jugendlecher vu karitativen Organisatiounen ënnerstëtzt.

Zanter 2001 gëtt et d'Frënn vum Kleeschen asbl. De Prinzip ass eigentlech ganz einfach: Schoulen, Gemengen, Veräiner a Betriber kënnen e Rendez-vous mam Kleesche reservéieren. A fir méi e privat Treffe kann een de Kleeschen och froe, fir dass e bei een heem kënnt.

Well de Kleeschen awer schonn en ale Mann ass a sech net méi alles iwwer all Kand esou gutt verhale kann, hu sech seng Gesellen eppes afale gelooss. An engem Online-Questionnaire kënnen d'Elteren all méiglech Informatiounen iwwert hiert Kand ausfëllen: den Numm vun de Geschwëster, den Numm vum Hausdéier, dem Kand seng Hobbyen a villes méi.

Fir de Kanner dës schéi Momenter ze garantéieren, stiechen de Kleeschen a seng Geselle vill Zäit an Opwand an hir asbl. D'Rendez-vouse musse geplangt ginn, den Transport muss organiséiert ginn a virun allem kuckt sech de Kleeschen d'Informatioune vun all Kand genau un, fir en individuellt Treffen ze garantéieren.

Dowéinst ass esou ee Besuch och net fir näischt. D'Suen, déi dobäi erakommen, ginn allerdéngs net un d'Leit aus dem Comité. All Joer lancéiert d'Frënn vum Kleeschen asbl eng Spendenaktioun, fir Kanner a Jugendlecher zu Lëtzebuerg ze hëllefen oder zesumme mat enger karitativer Organisatioun Projeten ze realiséieren.

Dëst Joer sinn et esou guer zwou Aktiounen, well déi vu leschtem Joer duerch d'Pandemie no hanne verluecht ginn ass. Déi eng ass eng Fanrees fir Kanner aus engem Foyer, déi op Dortmund bei de BVB fueren, a mat der zweeter Aktioun gëtt d'Basketsekipp vun de Special Olympics Lëtzebuerg ënnerstëtzt, déi 2023 op Berlin op d'World Games fuere wäerten.

Wie sech elo och fir e Besuch vum Kleesche perséinlech well entscheeden, dee muss fréi u sinn. Den Niklos ass ëmmer séier ausgebucht a fir dëst Joer sinn d'Lëschte scho laang voll.

Méi Informatioune fannt Dir op http://www.kleeschen.lu.