Den Interessi un der Futtballweltmeeschterschaft am Katar ass dëst Joer net esou ewéi mer dat gewinnt waren.

D'Nofro no de Panini-Stickeren oder den Trikoten ass net dat, wat et emol war, esou d'Verkeefer. Ginn et Grënn dofir? Wa jo, wat fir eng? Oder ass et nëmmen déi kal Joreszäit, déi ons ofhält d'Meeschterschaft ze suivéieren?

Den Oliver Pocher huet déi ëmstridde Weltmeeschterschaft schonn op eng ironesch Aart a Weis a sengem Videoclip "Hurra Hurra wir fahren nach Katar" kritiséiert, ma och zu Lëtzebuerg gëtt sech net esou dofir interesséiert, ewéi déi Jore virdrun.

Ob Panini-Sticker, Trikote vun de Spiller oder de Ball selwer, all dës Accessoirë sinn net méi esou gefrot ewéi bei de Weltmeeschterschafte virdrun, mä firwat ass dat esou? Mir maachen eis schlau beim Gianni Righetto, hie sammelt schonn iwwer 40 Joer laang Panini-Stickeren an och soss alles wat mam Fussball ze dinn huet. Mä och hien huet gemierkt, dass d'Nofro vun all dësem erofgaangen ass, sief et well et esou wäit ewech ass, oder well et net méi vill Sammler ginn.

Den Gianni keeft seng Sticker online, esou dass en net sammelen oder tausche muss. Och dat gouf et soss net. Haut sinn d'Sammler éischter rar an esou kënnt et zu kengem Tosch méi. Den Gianni huet all Album zanter 1970. Mir froen an de Butteker, ma och do leeft d'Vente net esou wéi se dat gewinnt waren.

Mir froen am Sportsbuttek no, wéi et dann do mat den Trikoten oder Bäll ausgesäit. Leider huet och hei de Responsabele vum Futtball-Rayon Julien Allart gemierkt, dass sech eppes geännert huet an dass net méi esou vill dono gefrot gëtt ewéi viru 4 Joer.

Wéi gesäit et an den Zeitungsbutteker aus, déi d'Stickere verkafen? Ma och do si se net ausverkaaft an d'Nofro ass kleng.

Et ginn also eng Partie Grënn, firwat den Interessi bei dëser Weltmeeschterschaft net méi deen ass, wéi bei deene virdrun. Wéi mer eis um Chrëschtmaart ëmfrot hunn, war éischter d'Politik aus dem Katar am Viséier.

Vill Grënn déi wuel net dofir schwätzen, déi awer iergendwéi erklären, firwat sech vill Leit fir dës Weltmeeschterschaft net esou interesséieren.