
© Facebook.com LuXembourg - Let's make it happen
D'Lëtzebuerger Actrice Vicky Krieps steet den Ament bei den Dréiaarbechte fir de Western "The Dead don't Hurt" virun der Kamera.
Regie féiert hei den dänesch-amerikaneschen Acteur Viggo Mortensen, deen ënner anerem wéinst senger Roll an den "Herr der Ringe"-Filmer bekannt ass. Dësen huet sech virgeholl, e Fändel vun all Land, aus deem eng Persoun um Film mat bedeelegt ass, ze sammelen.
Deementspriechend huet d'Vicky Krieps, déi am Film déi weiblech Haaptroll spillt, dem Mortensen e Fändel mam Roude Léiw ginn. Déi Zwee hunn dann och zesummen eng Foto mam Fändel gemaach.
Am meeschte gelies