Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm Spende fir Rumänien an d'Ukrain, e brisante Film am Pudderschnéi an de Museksprojet "Joint Bunch".

De Berny Altmann weist säi grousst Häerz beim Kiwanis a sammelt reegelméisseg fir Rumänien a fir d'Ukrain. Schonn 28 Joer ass hie Member beim Kiwanis "Uelzechtdall" an aktuell ass hien "Ambassador" beim Kiwanis Children's Fund a responsabel fir d'Distrikter Holland, Belsch-Lëtzebuerg, Frankräich-Monaco a Rumänien. Seng Haaptaktivitéit ass et, Hëllefstransporter fir ganz Europa an d'Ukrain z'organiséieren. Sou si bis elo 4.800 Puer Schong a Rumänien ukomm, 8 Hëllefstransporter mat Depart zu Lëtzebuerg si Richtung Kiew opgebrach an elo kann een d'Kiwaner mat 20 Euro ënnerstëtzen, fir eng vun 5.000 Xmas-Boxen mat Séissegkeeten, Puzzlen a Faarwen, fir d'Kanner an der Ukrain ze maachen.

Den André Costa ass frou mam Schnéi an huet direkt zwee Filmer gedréit, wou schéi Wanterlandschaften eng Roll spillen. Wat vum jonke Bierg-Athlet als "normalen" Abenteuerfilm geduecht war, krut séier eng aktuell Nues mat den trauregen Evenementer an der Ukrain. D'Iddi war u sech, fir schéin Opnamen am perfekte Pudderschnéi vu Sibirien ze maachen, mä d'Politik huet sech agemëscht an "Luzhba" ass e brisante Film iwwer de Krich ginn, deen awer och flott Landschaftsbiller a witzeg Momenter vun ënnerschiddleche Kulture weist. Freeën dierf ee sech och elo schonn op deen nächste Film vum jonke Regisseur a Kameramann, deen zu Innsbruck lieft. Hien huet nämlech och de Film "The Law of 3" iwwer d'Expeditioun vum Raphaël Fiegen mat senge Schlittenhënn realiséiert.

De Marc Welter huet scho mat 3 Joer Piano geléiert a kënnt elo mat engem duebele Vinyl-Album an enger CD an d'Butteker. Hien huet Musek am Blutt, bedéngt duerch seng Famill. Mat 15 Joer huet hien opgehalen, Musek ze studéieren, ass DJ ginn a war e puer Joer mat "The Party Team" ënnerwee. 1989 koum d'Single "Don't give her up" mam Al Ginter, duerno eng eegen Famill, awer d'Musek huet hien ni roueg gelooss. Hien huet komponéiert, nei arrangéiert an huet säi Projet "Joint Bunch" gedeeft. Eraus koume kleng Concerten, bis e sech mat 30 Museker an e Studio zréckgezunn huet, an den 13. September war den Album-Release Concert vun engem duebele Vinyl-Album an enger CD an der Rockhal.