Dat prachtvollt Stéck vun de brittesche Krounbijouen ass aus der ëffentlecher Ausstellung am Tower vu London geholl ginn.

Dat huet de Buckingham Palace matgedeelt. D'Edwardskroun gëtt am Kader vum Charles III. senger Kréinungszeremonie de 6. Mee an der Westminster Abbey nei verschafft. Fir d'lescht war se bei der Kréinung vum Elizabeth II. am Joer 1953 am Asaz.

Déi legendär Kroun besteet aus Gold, Sëlwer, Rubinen a Saphiren. Se weit iwwer 2 Kilo.

De 74 Joer alen neie Kinnek wäert d'Edwardskroun awer just e kuerze Moment un hunn, wann hien aus der Kierch erausgeet, kritt hien eng méi liicht Kroun opgesat. Dës Kroun hat déi verstuerwe Queen am September och bei der Ouverture vum Parlament un, déi eemol d'Joer ass.