Vum fréieren "Take That"-Sänger Robbie Williams huet ee laang net méi vill héieren, elo wëll hien nees duerchstarten.

Wéi de Sänger dem britteschen "Mirror" verroden huet, wëll hien am Joer 2023 eng eegen Talentshow lancéieren, eng "wéi et se esou nach ni gouf". Am selwechten Otemzuch huet hien och eng nei Serie annoncéiert: "Ech hunn eng nei Fernsee-Serie geschriwwen, déi eng däischter Komedie ass".

Ob déi zwee Formater zesummenhänken, ass net kloer.

De Robbie Williams ass net onerfueren am Hibléck op Talentshowen. Hie war 2018 zesumme mat senger Fra Ayda Field an der Jury bei "The X Factor" vun a mam Simon Cowell. Iddien hätt hie sëllegen a genuch, dovun huet de Williams scho wärend der Corona-Héichphas wësse gedoen an hat do schonn dem "Mirror" matgedeelt: "Et gëtt en neie Wee, deen ech beschreide wëll ... An ech sinn total begeeschtert dovun".

Am Ganze wiere fënnef Formater an der Maach. Méi Detailer huet de Sänger awer nach net verroden.

Hie schéngt wuel no der Participatioun an der "The X Factor"-Jury op de Goût komm ze sinn. Iwwer seng nei Dokumentarserie, déi 2023 soll erauskommen, huet hie just esou vill scho verzielt, dass seng Fans sech dierfe freeën: "Si wäert voller Sex, Drogen a psychescher Krankheet sinn." Netflix no wäert déi nei Dokumentarserie aus neien Interviewen an intimen Archivopname bestoen, déi nach ni virdru gewise goufen. Eegenen Aussoen no wëll de Robbie Williams sech nach méi "exposéieren, wéi sech jeemools en aneren exposéiert huet".

Domat net genuch: Seng Musekskarriär soll natierlech net ze kuerz kommen. Fans a Follower vum Robbie kënnen hiert Idol d'nächst Joer och op enger Heede Wull Concerte bewonneren. Ënner anerem wäert hien um "Rockwave Festival" a Griichenland op der Bün stoen.