No engem Tour iwwert d'Wantermäert mierkt een, datt et gläich esou wäit ass mam Fest vun der Léift: D'Virfreed ass bei ville grouss an dat ronderëm d'Welt.

Vum grousse Chrëschtbam beim Rockefeller Center zu New York bis bei déi opulent gerëscht Vitrinn an de bekanntsten Akafszentere vu Paräis oder London, uechter d'Welt gëtt sech op Chrëschtdag agestëmmt. Am Reportage maache mer en Iwwerbléck a weisen och, wéi op ville Plaze versicht gëtt, awer manner Energie wéi soss ze consomméieren.