Genee 3 Méint nom Amtsuntrëtt vum King Charles III. kommen déi éischt Mënze mat sengem Portrait an den Ëmlaf. D'Schäiner sollen nach nokommen.

D'Profil vum 74 Joer ale Monarch ass deemno vun elo un op 50-Cent-Stécker ze fannen, vun deenen der elo mol 4,9 Milliounen an den Ëmlaf kommen. Dat geschitt a knapp 9.500 Postfilialen, wou een d'Mënz ka wiesselen. Am Ganze solle ronn 9,6 Millioune vun de 50-Cent-Mënz mam Charles-Portrait erauskommen.

Den Charles ass zanter dem 6. September neie Kinnek a Groussbritannien.