Och dëst Joer huet den Adventszirkus de Wee op de Glacis fonnt fir ons d'Chrëschtdag Zäit ze verséissen.

Och dëst Joer huet den Adventszirkus de Wee op de Glacis fonnt fir ons d'Chrëschtdag Zäit ze verséissen. Cirque du Lux nennt e sech, dëst Joer awer ënnert dem Motto "Ukraine United". Mir hunn eis mat e puer ukraineschen Artisten getraff a si hunn ons hir Geschicht erzielt.

De Ruslan erzielt eis, dass et e laange Wee war ier en am Zirkus ukomm ass, wéinst dem Krich ass hien fir d'éischt an d'Tierkei geflücht, dono huet den Zoufall matgespillt. Duerch en Uruff vun engem Kolleeg ass hien op d'Iddi komm, firwat net am Zirkus optrieden?

Ruslan:Ech hunn e Frënd, de Vitali, ech hunn him ugeruff. Hie war ewéi ech fir d’éischt an der Tierkei, an hien sot, ech ginn op Lëtzebuerg fir am Zirkus ze schaffen. Waaat ??? Oh wann s de wëlls, kanns de mat mir kommen, well si sichen nach een. An ech sot jo, ech si fräi, ech ka kommen.

Vill Artisten kennen sech ënnerteneen , mee fir eng kéier mat hirer Nummer am Zirkus opzetrieden , dat hätten se sech ni erwaart , fir de Vittali ass et och déi éischt Erfarung .

Vitaliy:Ech danzen zanter 15 Joer an hu 6 Joer Bünenerfarung, mä ech hunn do virdrun nach ni an engem Zirkus geschafft, dofir ass dat ganz nei fir mech. Op Bünen ze stoen ass fir mech awer näischt Neies. Mir sinn an der Tierkei a verschiddenen Hoteller opgetrueden an hunn hinnen eis "Show" gewisen. Duerno hunn ech e Kontrakt am Zirkus fonnt a si hu mech geholl. Mir gefält et immens gutt hei - et si gutt Aarbechtskonditiounen, also ech ka mech net beschwéieren. 

Et war u sech pueren Zoufall, awer och ganz vill Bauchgefill, wat d’Grupp zesummebruecht huet, fir Viller war et am Ufank net einfach fir déi richteg Decisioun ze treffen, wann e Krich ausbrécht.

Ruslan: Wéi de Krich lassgaangen ass, war ech do, an déi éischt Deeg, respektiv Wochen, konnt ech einfach net gleewen wat passéiert ass, well Krim vun de Russe besat war. D'Russe waren also schonn do. A fir éierlech ze sinn, hunn ech bei esou Saachen d'Gefill, dass eppes Schlëmmes geschéie wäert. 

Fir de Vitaliy a vill anerer war d'Situatioun net aneschters, och si hu bannent kuerzer Zäit missten handelen, an hei geet et ëm Liewen an Doud.

Vitaliy:Ech war Doheem wéi de Krich lassgaangen ass, mä konnt net méi an där Stad bleiwen, wou ech gelieft hunn, well immens vill russesch Propaganda géint d'Ukrain do war. Mech huet dat stutzeg a rose gemaach, well ech Ukrainer sinn. Dowéinst hunn ech den Entschloss getraff, dass ech fir den Ament net méi wéilt do bleiwen.

Dëst Joer am Adventszirkus si vun de ronn 30 Artisten der 10 aus der Ukrain, dofir heescht et dann och dëst Joer: "Ukraine United".