Eng privat Ausstellung mat 919 Krëppercher
Zanter iwwer 30 Joer sammelen de Jean-Pierre an d'Véronique Verschelde Krëppercher. Hir Kollektioun stelle si all 3 Joer fir de Public aus - och dëst Joer.
Bei hinne wëll een net zoustänneg si fir Stëbs ze wëschen: 919 kleng Krëppercher hunn de Jean-Pierre an d'Véronique Verschelde dëse Wanter opgeriicht. Hir "Maison des crèches" ass eng dräi Autosstonne vu Lëtzebuerg fort zu Bois-Grenier a Frankräich. Viru bësse méi wéi 30 Joer huet de Jean-Pierre Verschelde senger Fra déi éischte Krëppche geschenkt. Dat war den Ufank vun hirer Sammelleidenschaft.
Ëmmer méi Krëppe sinn dobäi komm, aus verschiddene Länner. Si hu souguer deelweis hir Reesen dorunner ugepasst, fir nei Sammelstécker ze fannen. Mëttlerweil hu si Krëppercher aus 68 verschiddene Länner.
Virun e puer Joer hat ee Frënd vun hinnen d'Iddi, d'Kollektioun och der Ëffentlechkeet ze weisen. Dat hu si dunn och ëmgesat an zanter 2012 stelle si all dräi Joer hir Sammlung aus. Dat mat méi Succès wéi ugangs geduecht: 2.500 Leit hu sech 2018 d'Expo ugekuckt. Dëst Joer géife si 3.000 Visiteuren erwaarden.
Si brauche sechs Méint fir alles esou opzeriichten, wéi een et aktuell kucke ka goen. Ëmmer nomëttes ass nach bis den 8. Januar op an da si si och perséinlech do. Et gëtt e klenge Basar, do verkafe si ënner anerem Glühwäin a Kichelcher. Den Erléis ass fir de gudden Zweck, fir d'Arche Lille Métropole. Fir Interesséierter ginn et dann och Erklärungen zu den eenzele Krëppercher, well hannert all Sammlerstéck stécht och ëmmer eng Geschicht.