Netflix-Doku "Harry & Meghan" schléit héich Wellen

© POOL/AFP/Archiv/Dominic Lipinski
Déi lescht 3 Episode vun der Netflix-Dokuserie sinn ugelaf. De Prënz Harry erhiewt do schwéier Virwërf géint seng Famill, besonnesch säi Brudder William.
An der fënnefter Episod vun "Harry & Meghan" beschreift de Prënz Harry een ugespaante Familljentreffen zu Sandringham am Januar 2020, wou et ëm d'Zukunft vun der Koppel am Kinnekshaus gaangen ass. Dem Prënz Harry säin eelere Brudder, den Trounfollger Prënz William, soll hien dobäi fir säin Entschloss, sech vun engem Groussdeel vu senge Rollen zeréckzezéien, "ugebläert" hunn.
Dobäi hätt d'Koppel nach d'Propos gemaach, "hallef dran an hallef dobaussen" ze sinn. Et hätt ee weider wëllen Aufgabe fir déi antëscht verstuerwe Kinnigin Elizabeth iwwerhuelen, finanziell awer op eegene Been wëlle stoen, esou de Prënz Harry am Documentaire. "Et ass ganz séier ganz kloer ginn, datt dëst Zil net zur Debatt stoung". Hie wier iwwerdeems erschreckt doriwwer gewiescht, "datt mäi Brudder mech ugejaut an ugebrëllt huet".
Knapps zwee Méint no deem Treffen hunn de Prënz Harry a seng Fra offiziell annoncéiert, vun hire Flichten zeréckzetrieden. Antëscht wunne si mat hiren zwee Kanner Archie a Lilibet am Meghan senger Heemescht Kalifornien. Op d'Bezéiung mat senger Famill bezu sot de Prënz Harry: "Et huet kal ausgesinn, mee et huet sech och kal ugefillt."
Och senger Fra Meghan hir Relatioun mat der Famill wier ugespaant gewiescht. Ënnert anerem déi konstant schlecht Press hätt bei der fréierer Schauspillerin Suizidgedanken ausgeléist. De Prënz Harry huet am Documentaire der Klaatschzeitung "Daily Mail" indirekt d'Schold un enger Feelgebuert vu senger Fra ginn, nodeems d'Blat e private Bréif vum Meghan un hire Papp publizéiert hat.

© AFP/Archiv/ANGELA WEISS
Dem Prënz William säi Büro wier un der negativer Press géint de Prënz Harry a seng US-amerikanesch Fra, déi afroamerikanesch Originnen huet, bedeelegt gewiescht. "Et ass ee knaschtegt Spill", esou de Prënz Harry. "Et gi Leaks, mee och d'Placéiere vu Geschichten." Dobäi hätten d'Büroe vun de verschiddene Membere vum Kinnekshaus géintenee geschafft.
Aus dem Kinnekshaus gouf et bis ewell nach keng Reaktioun op d'Virwërf, déi an dem Netflix-Documentaire gemaach goufen. Déi éischt dräi vun den insgesamt sechs Episode goufe schonn d'lescht Woch publizéiert a goufen zanterhier schonn 81,55 Millioune Stonne gekuckt. Dat ass den héchste Wäert, deen eng Dokuserie an der éischter Woch jee erreecht huet. A Groussbritannien huet sech den Image vum Harry a Meghan enger Ëmfro no awer verschlechtert.