Georges Kratzenberg, Michèle Kerschenmeyer a Joé Gales
Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm eng benevole Zännklinik, Musek, déi zur Chrëschtzäit passt an ëm de Reklammen- a Filmbusiness.
Den Dokter Georges Kratzenberg schafft zanter méi wéi 40 Joer als Zänndokter a virun 10 Joer huet hien "Un sourire pour l'Equateur" an d'Liewe geruff. D'Iddi fir benevole aktiv ze ginn, ass scho méi laang a sengem Kapp geräift a wéi säi Pätterche sech mat enger Fra aus dem Ecuador bestuet huet, goung et lass. Zanter 2011 fiert hien all Joer eng Kéier op d'Plaz. Wat mat zwee Zänndokteschstill ugefaangen huet, ass ëmmer méi grouss ginn. Am Dezember hunn den Dokter Kratzenberg a seng Fra Ginette fir de ronnen Anniversaire vun der Fondatioun eng Zännklinik opgemaach an d'Ënnerstëtzung geet virun.

D'Pianistin Michèle Kerschenmeyer huet scho 7 CDen erausbruecht an deen neien Album passt an d'Chrëschtzäit. "Joy, joy, for Christ is born" gouf mam Trio Cénacle opgeholl. Hei héiert een nieft der bekannter Pianistin och nach d'Sänger Evelyn Czesla an Nico Wouterse. Zesumme mam Calamus Reed Quintet hu si den Album produzéiert, mat bekannte Melodië wéi "Stille Nacht", "Es ist ein Ros' entsprungen", "Am Uewe potert d'Feier", "I'm dreaming of a white christmas" oder awer och "Il est né le divin enfant". 23 Lidder, déi an d'Zäit passen an net a Vergiesse gerode sinn.


Den Acteur a Mannequin Joé Gales ass op Köln geplënnert, fir Karriär ze maachen a säi Gesiicht kennt een net just aus der Publicitéit. De geléierte Comptabel hat es genuch mat Zuelen an Tabellen an d'Bün an d'Kamera hu méi gereizt. Schonn als Kand war hie vu Filmer faszinéiert an aus ville klenge Rolle goufen ëmmer méi grousser. Op der Televisioun konnt een hie bei "Sankt Maik" oder "Akte Cölln" gesinn. Reegelméisseg lafe Publicitéite mat him an och als Auteur vun Dréibicher huet hie vill Pläng.

