Déi 18 Joer al Indira Ampiot aus der Guadeloupe krut an der Nuecht op e Sonndeg d'Kroun vun der schéinster Fra vu Frankräich.

De Vott koum zur Hallschent vum Public an zur Hallschent vun enger Jury. D'Krittären, fir matzemaachen, waren dëst Joer eng éischte Kéier manner streng. Deemno gouf et keng Altersgrenz méi, et hunn och bestuete Fraen a Mammen dierfe matmaachen, genee wéi Frae mat Tattoo an et war och eng Transfra mat derbäi. Déi eenzeg Mamm an déi eenzeg Transfra an der Kompetitioun sinn allerdéngs schonn an der Virronn erausgeflunn.

An der Finall war dunn och keng Kandidatin méi al wéi 26 a gewonnen huet um Enn, wéi gesot, eng 18 Joer jonk Studentin aus der Karibik.