D'Lëtzebuerger Firme feieren, dacks awer anescht wéi virun der Pandemie
Dëst Joer Dezember gi manner Firmefeieren organiséiert wéi virun der Pandemie, seet d'Eventmanagerin Laura Goedert.
D'Patrone wiere virsiichteg, fir dëse Wanter Eventer ze organiséieren. Op villen Aarbechtsplaze gëllt nach Télétravail an déi Betriber géifen dann net all d'Mataarbechter fir eng Firmefeier zesummeruffen. De Summer iwwer wäre méi Betribsfeiere gewiescht wéi virun der Pandemie. Et war deemno e Joer vun de Summerfeieren a manner vun de Chrëschtfeieren.
Covid maach e Grond sinn, en anere kann awer och de Budget sinn. 20% méi deier schätzt si, dass d'Devise fir Evenementer dëst Joer ausfale wéi nach am Joer 2019 fir genee de selwechten Event mat engem Catering. "Dat fänkt beim Iessen un, dat geet iwwert d'Deko, hin zur Main d'œuvre, d'Personal ass immens deier ginn, well et ass immens mann ginn. Lo bezils de, fir gutt Personal ze kréien", seet d'Laura Goedert, déi zënter 15 Joer Evenementer organiséiert.