D'Chrëschtdeeg ginn agelaut mam traditionellen Apero de 24. Dezember mëttes. Ugefaangen huet domadder de fréiere Café Diva, no bei der Escher Brillplaz.

Ma wéi dee seng Diere virun 13 Joer zougemaach huet, hu 4 Escher Kolleegen sech dat net zwee mol soe gelooss.

De Max Achten, de Laurent Stirn, de Maurice Tonnar an de Luc Theisen sinn Escher mat Leif a Séil. Si kenne sech zanter der Kandheet a fir si, war et deemools kloer, dass misst eppes geschéien. Si wollten den traditionellen Patt bäibehalen, dee souvill Leit Joer fir Joer zesummebréngt. An dat am beschten och op der Brillplaz, direkt ëm den Eck, vun do, wou dës ganz Traditioun ugefaangen huet. Do gesi sech Studenten erëm, déi soss am Ausland sinn iwwert d'Joer. Et gesäit ee seng Kolleege vu fréier an et verbréngt een och mat senge Léifsten nach eemol e flotten Ament, ier et Heem un den Dësch geet.

Mir hunn eis geduecht, et wier mega schued, well dat heiten ass eng Traditioun, déi et zu Esch scho gëtt, zanter Éiwegkeeten. An dat war ëmmer am Café Diva. A mir souzen eben am Summer an der Vakanz an hunn eis geduecht, et ka jo net sinn, dass elo dëse Chrëschtdag keen Apero ass … An hunn eis eben dunn elo geduecht, wann dat net méi ass, da mussen mir eppes maachen. An dunn hu mir owes e puer Pätt gedronk an dunn hu eis d‘Hand drop ginn: Mir maachen et!“

Iwwert d'Jore si si en agespillten Team ginn an lues a lues ass dat Ganzt ëmmer méi gewuess. Wéinst der Pandemie konnte si d'lescht Joer fir d'éischt d'Unzuel un Leit chiffréieren, déi bis laanscht kommen. 800 Stéck waren et fir hir 10. Editioun 2021. An d'Leit kommen, egal bei wéi engem Wieder. Gefeiert gëtt nämlech dobaussen. Dofir heescht et, sech waarm undoen.

Och wa si elo selwer net méi am Studentenalter sinn a si elo mat zwee Féiss am Liewen stinn, ass et hinnen dach wichteg, déi ganz Aarbecht op sech ze huelen. Souguer wann dat bedeit, dass owes um Dësch fir Helleg Owend op si gewaart muss ginn.

Et ass eis relativ wichteg, well mir eis net méi sou vill gesinn, well mir e bëssen all op der Welt geeschteren, oder an Europa. An et ass eben dann eng flott Saach, sech hei eben dann ze gesinn an dann eben déi Deeg virdrun an duerno wa mir ofrappen. Et schweesst awer nach méi zesummen. Dat hätt ech net geduecht, wéi mer kleng waren, wéi mir nach gespillt hunn an dass mer elo awer professionell hei eppes op d‘Been bruecht hunn, dat och de Leit gefält.“

An net nëmmen op der Brillplaz, mee och nach zu Lalleng an um Belval gëtt ee sech an Tëschenzäit den 24. mëttes Rendez-vous.